| Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit, Duerch d'Fielsen d'Sauer brëcht. Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit, Den Himmel Wäin ons mëcht. Dat as onst Land, fir dat mir géif, Hei nidden alles won. Ons Heemechtsland, dat mir sou déif An onsen Hierzer dron. Ons Heemechtsland, dat mir sou déif An onsen Hierzer dron. O Du do uewen, deem séng Hand Duerch d'Welt d'Natioune leet. Behitt Du d'Lëtzebuerger Land Vru friemem Joch a Leed! Du hues ons all als Kanner schon de fräie Geescht jo gin. Looss viru blénken d'Fräiheetssonn déi mir sou laang gesin. Looss viru blénken d'Fräiheetssonn déi mir sou laang gesin. |